Wéi gin Ventiler gestalt?
Wéi kann ech eng Panne behiewen?
Wéi kann ech e Käfer oder eng Camionette déiwléen???Aentwerten op dës Froen an op vill anerer gët ët an enger VW-Zeitung aus Frankreich, déi haaptsächlech op Technik vun Käfer & Co ausgeriicht ass.
Vw-Tech kënt all 3 Méint eraus, et si praktesch keng Reklamen dran, dofir awer pro Ausgab ganz vill Informatiounen iwer eise Lieblingsauto.
All Aarbechten gin unhand vun faarwegen Photoen an Zeechnungen souzesoen "idiotesëcher" erklärt. Jidfer Thema, dat d'Technik vum VW betrëft, gët behandelt, vum Originalzoustand bis zum extremen Tuning.
Ausserdem ass an all Nummer eng Datelëscht mat Chassisnummeren an Modellaennerungen, souwéi Lackcoden, alles no Joergang opgelëscht.
Ausserdem fënt én Explosionszeechnungen vun eenzelnen Baugruppen (z.B. Bremsen oder Suspensioun) mat enger Lëscht vun den eenzelnen Baudéler. Wichteg ze betounen ass, dass jidferén, ob absolute Laien oder schon halwen Ingenieur, Uregungen, Iddien an Informatioune fënt.
Doriwer eraus gët et Vergleichstester (Motoren, Fuerwierker, Stoussdämpfer asw...) an et gin speziell preparéiert Autoen am Detail viirgestalt.
Alles an Allem e "Must" fir all VW-Besëtzer, nët nëmmen eng vun denen üblechen Zeitungen, mé eng regelrecht Enzyklopedie, dat Alles faarweg, op guddem Pabeier an zu engem bâl schon lächerlech nidderege Preis!
Jim Krier
Um Internet ënner : www.supervwmag.com ze fannen, dann ënner VWTECH.
Iwwert den Internet kann een och dNummeren nobestellen, oder sech abonnéieren. Wien elo keng Méiglechkeet huet, fir se per Internet ze bestellen soll sech mam Comité a Kontakt setzen.